fr lb de it pt en
Présentation . Presentation
7. Juli 2016

„Religion & Society“: Bezéiungen (er)liewen, duerchdenken, an (ëm)gestalten

D’Grënnung vun der Luxembourg School of Religion & Society

Mir stellen haut schonns den 3. Rapport „faits et chiffres“ vum Centre Jean XXIII – Grand Séminaire vir. Mir kucken domat och op dat 3. Joer zréck, säit datt mer ugefaangen hunn, d’Formatiounsangeboter, d’Dokumentatiounszentren an d’Fuerschungsaarbecht an der Äerzdiözes Lëtzebuerg am Centre Jean XXIII zesummen ze féieren.

Eist Zil war et, nei Synergien ze schafen, Käschten ze reduzéieren an esou besser op d’Erausfuederunge vun eiser Zäit ze reagéieren. D’Bewosstsäin, datt mer theologesch Fuerschung a Bildung stäerker mat dem gewandelte gesellschaftlechen a wëssenschaftlechen Ëmfeld vernetze missten, hate mer schonns éiert d’Verhandlungen tëschent dem Staat an de Glawensgemeinschaften ugaange sinn.

Ech muss op dëser Plaz dem Personal vum Centre Jean XXIII – Grand Séminaire, all dem Personal, de Wëssenschaftler, den administrative Mataarbechterinnen a Mataarbechter an och eisem technesche Personal en immens grousse Merci soe fir säin onermiddlechen Asaz, seng Flexibilitéit – déi brauch een, wann ee sech ëmstelle muss – seng Kreativitéit, säi Matdenken a Matschaffen.

De Rapport, dee mer dëst Joer virstellen, weist, datt sech villes gedoen huet; e kuckt zréck, mee d’Changementer weise kloer an d’Zukunft, esou wuel an der Entwécklung vu Bildung a Fuerschung, wéi och an der Entwécklung vum Centre Jean XXIII – als „lieu de rencontre et dialogue“ an als Tagungsplaz fir kierchlech an ausserkierchlech Organistiounen ausgebaut.

De wichtegste Schrëtt war d’Grënnung vun der „Luxembourg School of Religion & Society“ de 15. September. Ënnert dësem Numm faasst de Centre Jean XXIII vun elo un seng sämtlech Fuerschungsaktivitéiten, Bildungsangeboter am akademesche Beräich, am Beräich vun de „Formations permanentes“ an am Beräich vun der „Formation des adultes“ zesummen, wéi och seng Dokumentatiounszentren. Mir wäerten haaptsächlech professionaliséierend Formatiounen ubidden. Mir denken drun am September 2017 mat den akademesche Formatiounen un der Start ze goen, déi dann och sollen akkreditéiert sinn. Mir si schonns mat de „Formations permanentes“ amgaangen, et lafen och schonns d’Angeboter vun der „Formation des adultes“, esou wéi se och duergestallt ginn an dësem Rapport.

Mir interesséieren äis, haaptsächlech am akkademesche Beräich, fir ethesch Froen a fir Froe vun Transmissioun vu Glawen an enger pluralistescher a säkulariséierter Gesellschaft. E Beispill ass hei eng Serie vu Konferenzen am Beräich vun der Finanzethik, déi zu engem gréissere „Projet de Recherche“ gehéieren. Mir stinn am Déngscht vu Gesellschaft a Kierch. Mir schaffen am Kader vun den nationalen an internationale Reglementéierunge vum akademesche Bildungswiesen.

Den Numm vun der „Luxembourg School of Religion & Society“ verbënnt den Enracinement an eisem Land duerch de Verweis op Lëtzebuerg; zugläich weist di englesch Sprooch, datt mer äis an en internationale Kontext abannen. Eisen zukünftege Masterprogramm a „Peace Ethics“ went sech u Leit, déi an internationalen Organisatioune schaffen an orientéiert sech kloer un hire Besoinen, déi am Virfeld erörtet gi sinn. Dat wichtegst Element am Numm ass dat Zeechen „&“, dat „und“ heescht an un e Band erënnert, dat tëschent Gesellschaft a Reliounen hin an hier geet. Mir ginn dovunner aus, datt Gesellschaft a Relioune géigesäiteg Bezéiungen ënnerhalen. Si ze benennen, ze analyséieren, ze verstoen an eventuell gestalten ze hëllefen, ass eis Missioun.

D’Initiativ, fir äis nei opzestellen, huet sech am Gespréich tëschent den eenzelne Servicer a MataarbechterInnen, an am Austausch mat Leit aus Gesellschaft, Wirtschaft, Kultur, Relioun etc. konkretiséiert. Ee vun deene Momenter, wou mir Leit aus der Gesellschaft, Politik a Wirtschaft derbäi hunn, waren och eis „Executive Lunches“, wou mer brennend politesch Theme mat internationale Spezialisten ugeschwat hunn. Et geet äis drëms en Espace ze schafen, wou eng qualitativ héich intellektuell Aarbecht geleescht gëtt, wou den Dialog tëschent de verschiddene Reliounsgemeinschaften, anere Weltanschauungen, acteurs socio-politiques et économiques, etc. e konstitutivt an transversaalt Element vun eiser Aarbecht ass. Et geet och drëms, datt mer en Discours, datt mer eng Sprooch entwéckelen, déi engersäits an der reliéiser Traditioun an anerersäits an eiser heiteger Welt verankert ass, an dës Spannung dann auszehalen. D’Zesummenaarbecht mat den anere konventionéierte Glawensgemeinschafte gehéiert dofir zu eisem Optrag.

Di akademesch Fräiheet, eng kloer Methodologie, de kritesche Geescht, d’Interdisziplinaritéit, d’Villsproochegkeet, d’Transparenz vun de Strukturen: dat sinn alles Facteuren, op déi et ukënnt, fir an der Sich no der Wourecht virun ze kommen. Mir verbannen dës Elementer mam Accueil vu jidder eenzel Persoun, mam Striewen no Fridden a Gerechtegkeet, mat der Solidaritéit mat de Schwaachen an eiser Welt, mat dem géigesäitege Respekt, a virun allem mam Beméien, echt Bezéiunge vun Sympathie a Frëndschaft ze entwécklen. Nëmmen esou – wann op der enger Säit di fachlech Erausfuerderungen, op der anerer Säit di ganz mënschlech Dimensiounen zesummekommen – nëmmen esou kënne Fuerschung a Bildung wierklech gesamtmënschlech Aktivitéite sinn, en Humanismus entwécklen, deen dësen Numm verdingt. A fir et op franséisch ze soen: Cultivons donc notre humanité!

Rapport 2015
CJ23 – LSRS
Prof. Dr. Dr. Jean EHRET director lsrs.lu

Direkter vun der Luxembourg School of Religion & Society

 
LUXEMBOURG SCHOOL OF RELIGION & SOCIETY
LSRS – Centre Jean XXIII
52 rue Jules Wilhelm
L-2728 Luxembourg
© Luxembourg School of Religion & Society
certains droits réservés . Some Rights Reserved

Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
+352 43 60 51
office lsrs.lu