fr lb de it pt en
Formation für Animateure in der Ehevorbereitung . Formation pour animateurs de la préparation au mariage
1. Dezember 2017

17 nei Animateure fir d’Virbereedungscoursen op d’Sakrament vum Bestietnes

No e puer Méint intensiver Formatioun huet d’Sektioun Yes2Family vum Service de la Formation des adultes vun der LSRS dëse Samschdeg, 25.November, 17 Zertifikaten un Animateure fir d’Virbereedungscoursen op d’Sakrament vum Bestietnes iwwerreecht. Vum Direkter vun der LSRS, Jean Ehret, empfaangen an wëllkomm geheescht, war et eng schéin Zeremonie am Centre Jean XXIII.

All dës Leit hu sech bei de jonke Koppelen engagéiert fir si ze begleeden an hinnen op hirem Wee bis bei d’Sakrament vum Bestietnes ze hëllefen. Jiddereen ass op der enger Säit mat engem Zertifikat heemgaangen, awer och mam Wëllen, esou vill erëmzeginn, wéi hien an dëser Formatioun kritt huet.

Un dëser Ofschlossfeier vun der Weiderbildung hunn aner Koppelen deelgeholl, déi scho mat der Virbereedung op d’Sakrament vum Bestietnes amgaang sinn, esou wéi och jonk Koppelen, déi sech am Joer 2017 d’Jo-Wuert ginn hunn.

Dëst Joer war d’Formatioun op franséisch, nodeems eng éischt Sessioun d’lescht Joer op däitsch a lëtzebuergesch stattfonnt huet, an un där 15 Leit deelgeholl haten.

Vun der Rentrée u kënnt Dir si all bei de Formatiounssëtzungen erëmfannen, déi fir 2018 virgesi sinn. D’Informatiounen zu dëse Formatioune fannt Dir an de Paren an op dëser Internetsäit, an engem Flyer, op deem Datumen opgelëscht sinn, esou wéi och d’Themen an d’Informatiounen iwwert d’Sproochen an d’Plazen, wou alles stattfënnt.

No all dëse vergaangene Méint mam selwechten Zil, wëllt Yes2Family elo hei d’Geleeënheet notzen, fir all deenen, déi matgemaach hunn, Merci ze soen, awer och all deenen, déi bei der Organisatioun vun all dësen Owender an Deeg matgehollef hunn.

Anny Hesius und Wolfgang Fleckenstein

 
LUXEMBOURG SCHOOL OF RELIGION & SOCIETY
LSRS – Centre Jean XXIII
52 rue Jules Wilhelm
L-2728 Luxembourg

Twitter
Facebook
Linkedin
© Luxembourg School of Religion & Society
certains droits réservés . Some Rights Reserved

Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
+352 43 60 51
office lsrs.lu