fr lb de it pt en
Préparation au mariage . Virbereedung op d’Bestietnes
29. November 2019

Ateliere fir Koppelen

Programm 2020 (an der Virbereedung)

Nieft den Hochzäitsvirbereedungssessioune bidde mir verschidden Ateliere mat thematesche Schwéierpunkten un. Dës Ateliere sinn an der Woch owes.

Dëst ass eng fakultativ Offer, déi Iech et erméiglecht Är Virbereedung op d’Bestietnes ze verdéiwen (LB=>Lëtzebuergesch / FR=>Français).


Atelier “Kierchlech Hochzäit”

Firwat net eis kierchlech Hochzäit selwer virbereeden?
Mee wéi…? Wat…? Wou…?

  • Mass oder Wuertgottesdéngscht?
  • Thema vun der Feier?
  • Wat musse mir soen…?
  • Wéi eng Texter, Gebieder, Lidder?

Är Hochzäit ass en eemolege Moment am Liewe vun Ärer Koppel, Äre Familljen a Frënn. Wann Dir Spaass hutt, fir Ärem kierchleche Bestietnes inhaltlech eng perséinlech Nout ze ginn, da sidd Dir an dësem Atelier richteg. Dir kritt de Ritual erkläert, Texter virgestallt, fir datt Dir duerno mam Paschtouer/Diakon den Oflaf vun der Feier kënnt ofschwätzen.

ACR-FR 51 Luxembourg – mardi 28.04.
ACR-LB 53 Bascharage – Dënschdeg 19.05.


Atelier “Juristesch Informatiounen (zivilt Bestietnes)”

Informatiounen iwwert

  • d’Rechter an d’Pflichten an der Koppel
  • de Contrat de mariage
  • Ierfschaftsrecht

AJ-LB 50 Lëtzebuerg – Dënschdeg 21.04.
AJ-FR 52 Luxembourg – mardi 12.05.
AJ-LB 57 Lëtzebuerg – Donneschdeg 18.06.


Atelier “Amour et sexualité”

Léift, Zäertlechkeet a Sexualitéit am Dialog mat eise Wäerter, eisem Glawen an eisem gemeinsame Liewensprojet.
Medizinesche Bäitrag, Froen/Äntwerten an Austausch.

AAS-LB/FR 55 Differdange – jeudi 28.05.


Atelier “Communication conjugale”

Pour une belle harmonie conjugale. Introduction au concept de communication non-violente. Comment se parler sans blesser l’autre?!

ACC-LB/FR 54 Luxembourg – mardi 26.05.


Atelier “Un amour - deux convictions”

Notre amour enrichi et défié par nos différences religieuses ; comment respecter, partager nos traditions et s’enrichir mutuellement ?!

A2C-FR 56 Luxembourg – mardi 09.06.


Online Umeldung fir dës Atelieren

  • Dir sidd gebieden Iech w.e.g. 2-3 Méint virun Ärem Bestietnes unzemellen.
  • Weider Informatioune kritt Dir um Telefon 43 60 51-355.

Nodeems Dir Iech ugemellt hutt, Dir eng Bestägegung mat Onkäschtebäitrag geschéckt. Är Umeldung ass definitiv, wann Dir d’Suen iwwerwisen hutt. Weider Detailer zum Programm kritt Dir kuerz virum Atelier matgedeelt.

 
LUXEMBOURG SCHOOL OF RELIGION & SOCIETY
LSRS – Centre Jean XXIII
52 rue Jules Wilhelm
L-2728 Luxembourg

Twitter
Facebook
Linkedin
© Luxembourg School of Religion & Society
certains droits réservés . Some Rights Reserved

Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
+352 43 60 51
office lsrs.lu