fr lb de it pt en
Préparation au mariage . Virbereedung op d’Bestietnes
24. Juni 2015

Allgemenges

Zu engem Bestietnes gehéiert méi wéi d’Gefill vu Léift, méi wéi “’t wäert schonns goen” a méi wéi zwou Persounen. Frëndschaft, Partnerschaft a Léift falen engem net esou einfach an de Schouss. Fir e laange Wee – vläicht en halleft Joerhonnert – flott a sënnvoll z’erliewen, sinn e puer Stonne Virbereedung gutt investéiert.

Méi Virbereedung bedeit méi Zäit investéieren. An Owessessiounen (Atelieren) kënne méi Theme verdéift ginn. Op enger Journée ass nëmmen eng Auswiel méiglech.

Déi verschidde Formulen an Datumer fannt Dir an dëser Rubrik. Fir all weider Froen, kënnt Dir äis iwwert den Telefon 43 60 51-355 oder per Email (yes2family lsrs.lu) kontaktéieren.

Wichteg:

  • Är Umeldung fir dës Sessiounen ass eréischt nom Virement vum Onkäschtebäitrag effektiv. No Ärem Paiement kritt Dir eng definitiv Bestätegung geschéckt.
  • Am Fall vun engem ökumenischen oder interreliéise Bestietnes biede mir Iech, äis dëst matzedeelen.
  • Eng gemeinsam Sprooch ass fir eng gutt Kommunikatioun wichteg. Merci dëst bei der Aschreiwung ze berücksichtegen.
 
LUXEMBOURG SCHOOL OF RELIGION & SOCIETY
LSRS – Centre Jean XXIII
52 rue Jules Wilhelm
L-2728 Luxembourg

Twitter
Facebook
Linkedin
© Luxembourg School of Religion & Society
certains droits réservés . Some Rights Reserved

Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
+352 43 60 51
office lsrs.lu