fr lb de it pt en
 
5. Oktober 2019

Feierstonn mat Iwwerreechung vum Certificat un d’Kandidate vun der Formatioun fir Kiercheguide/-guidin fir Lëtzebuerg

Am Hierscht 2018 huet d’Formatioun „Kiercheguide fir Lëtzebuerg“ ugefaang, déi vun der LSRS an der EwB organiséiert gouf.

Nodeems d’KandidatInne 6 Formatiounsdeeg absolvéiert hunn an hir “Testféierung” an enger Kierch vun hirem Choix bestanen hunn, kréien elo 18 KandidatInnen hiren Certificat iwwerreecht.

Den Direkter vun der Luxembourg School of Religion & Society, Prof. Dr. Jean Ehret, an de Chargé de direction vun der ErwuesseBildung asbl, den Här Renato Cescutti, invitéieren Iech häerzlech op d’Feier mat der Iwwerreechung vum Certificat un d’Kandidate vun der Formatioun fir Kiercheguide/-guidin fir Lëtzebuerg den 22. Oktober um 18 Auer am Centre Jean XXIII.

Dir wëllt bei dëser Feierstonn derbäi sinn – da mellt Iech w.e.g. HEI un.

Organisatioun: LSRS, ErwuesseBildung

 
LUXEMBOURG SCHOOL OF RELIGION & SOCIETY
LSRS – Centre Jean XXIII
52 rue Jules Wilhelm
L-2728 Luxembourg

Twitter
Facebook
Linkedin
© Luxembourg School of Religion & Society
certains droits réservés . Some Rights Reserved

Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
+352 43 60 51
office lsrs.lu