fr lb de it pt en
 
2. Juli 2019

Eise Glawen – erliewen, duerchdenken, vermëttelen / Theologesch a biblesch Grondlagen

Aféierung an de chrëschtleche Glawen – 2 Coursen ab Hierscht 2019

Mir si Chrëschten: mir droen domat den Numm vu Jesus, dem Christus. Wat heescht dat? Wou hu mir dat schonns erlieft a wéi kënne mir et aneschters, nei, méi déif, méi intensiv erliewen? A wéi kënne mir dee Glawe weiderginn? Dat ass d’Aufgab vun den Elteren, Katecheten, vun alle Chrëschten.

Mir bidden zwee Coursen un, déi interesséierte Leit hëllefen, fir dësem Opdrag gerecht ze ginn. Den éischte Cours bitt theologesch, den zweete biblesch Grondlagen. Déi zwee Coursen zesumme sinn eng éischt Aféierung an de chrëschtleche Glawen.

De Cours ass op fir jiddereen, deen de Glawe besser an zäitgeméiss verstoe wëllt. E went sech besonnesch un déi Leit, déi an der Kateches oder an anere pastorale Beräicher matschaffen oder matschaffe wëllen. Et kann een iewer och aus aneren Interessen dorunner Deel huelen.

1. Deel: Theologesch Grondlagen – Jean Ehret

An dësem Cours beschäftege mir äis mam Inhalt vum Glawen, esou wéi en am Glawensbekenntnes ausgedréckt ass. Mir schaffen drun, dee Glawe besser ze verstoen, andeems mir en a Bezuch zum Liewe setzen an ëmgekéiert och d’Liewe mam Glawe verbannen. Hei e puer Froen, deene mir noginn:

  • Wat heescht gleewen a wéi kann ech dat haut nach maachen?
  • Wien ass fir äis den Härgott, wa mir hien als Papp, Sonn an Hellege Geescht bezeechnen?
  • Wéi kann ech mat him Gemeinschaft hunn?
  • Wéi eng Roll spillen do d’Bibel, d’Kierch, d’Sakramenter?
  • Wéi versti mir äis am Bezuch zu anere Reliounen a Weltanschauungen?
  • Wat heescht et, chrëschtlech Nächsteléift ze liewen?

Mir treffen äis 8 Mol, fir iwwert d’Haaptakzenter vun eisem Glawen nozedenken. En Deel ass Cours, et gëtt och emol en Text ze liesen, et gëtt a Gruppe geschafft an et dréckt ee sech mëndlech a schrëftlech aus, fir seng Gedanken ze uerdnen. Dat Ganzt ass och ëmmer mat Gottesdéngscht (a verschiddene Formen) verbonnen. De Cours gëtt op lëtzebuergesch gehalen.

Terminer fir de Cours: 03.10., 17.10., 24.10., 05.11., 12.11., 19.11., 26.11. an 03.12.2019

2. Deel: Biblesch Grondlagen – Georg Rubel

D’Bibel ass fir d’Chrëschten d’Helleg Schrëft, e Buch, dat vum Härgott inspiréiert ass an zu him féiere kann. Op der enger Säit schéngt äis dat normal; op der anerer Säit verbanne mir domat vill kritesch Themen a Froen: Fundamentalismus, Konflikt vu Glawen a Wëssenschaft, Kultur, 10 Geboter, Nächsteléift, etc. Et ass dofir néideg, datt mir äis méi mat dësem Buch beschäftegen.

D’Markusevangelium ass dat eelst vun de véier Evangelien aus dem Neien Testament. Hei gëtt d’Liewe vum Jesus a sengen Zesummenhäng duergestallt, vu senger Daf bis zu senger Operstéiung.

Zesumme wëlle mir op d’Markusevangelium duergoen, ukucken an zesumme wichteg Froen, wéi et entstanen ass, beliichten:

  • Wien huet dëst Evangelium verfaasst?
  • Wéini a wou ass d‘Markusevangelium entstanen?
  • Wéi ass dëst Evangelium opgebaut?

Duerno liese mir de ganzen Text vum Markusevangelium zesummen a leeën en aus:

  • Wat wollt de Markus sengen Adressate vun deemools soen?
  • Wat kann hien äis haut nach soen?

Zum Schluss vum Cours geet et drëm, ze verstoen, wat de Markus genee wollt ausdrécken:

  • Wat sinn déi grouss theologesch Linnen vum Markusevangelium?
  • Wat ass zu gudder Läscht d’Ziel vum Markus?

Fir dës Theme méi ze verdéiwen, treffe mir äis 8 Mol. Een Deel ass Cours, et gëtt eppes fir doheem ze liesen, et gëtt a Gruppe geschafft an et dréckt ee sech mëndlech an och schrëftlech aus, fir déi eege Gedanken ze uerdnen. Et besteet och ëmmer d’Méiglechkeet, fir Froen ze stellen an zesummen iwwer en Text an d’Gespréich ze kommen.
De Cours gëtt op däitsch gehalen. Dieser Kurs wird in deutscher Sprache angeboten.

Terminer fir de Cours: 09.01., 23.01., 06.02., 13.02., 27.02., 05.03., 19.03. a 26.03.2020

Praktesch Infos

All Coursë sinn am Centre Jean XXIII (52, rue Jules Wilhelm, L-2728 Luxembourg) vun 18.30 Auer bis 21.30 Auer. Et gëtt Gedrénks an e Snack ugebueden.

Umeldung

Dir kënnt äis Ären Umeldungsziedel eraschécke bis spéitstens de 26.09.2019 entweder

  • iwwer Email: sylvie.schares lsrs.lu
  • oder Postadress:
    Luxembourg School of Religion & Society (LSRS)
    Service de la Formation permanente
    Centre Jean XXIII
    L-2728 Luxembourg
Eise Glawen – erliewen, duerchdenken, vermëttelen / Informatiounen
PDF 160.6 kB, 2. Juli 2019
Eise Glawen – erliewen, duerchdenken, vermëttelen / Umeldungsziedel
PDF 142.4 kB, 2. Juli 2019
Info

Eng Informatiounsversammlung fir all Interesséiert un der Formatioun ass den 23. September um 19.00 Auer am Centre Jean XXIII.

Umeldunge gi bis den 1. Oktober ugeholl.

Bei Froe kënnt Dir Iech mellen:

Tel.: 43 60 51 335
oder 43 60 51 329

sylvie.schares lsrs.lu

Dans cette rubrique . In this section
 
LUXEMBOURG SCHOOL OF RELIGION & SOCIETY
LSRS – Centre Jean XXIII
52 rue Jules Wilhelm
L-2728 Luxembourg

Twitter
Facebook
Linkedin
© Luxembourg School of Religion & Society
certains droits réservés . Some Rights Reserved

Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
+352 43 60 51
office lsrs.lu