Homepage
fr lb de it pt en
Actualités . News  
15. November 2017

Nei um Bichermaart: Froen, Wäerter, Weeër an d’Zukunft

Ze kréien am Centre Jean XXIII an iwwer Online-Bicherei

Froen, Wäerter, Weeër an d’Zukunft. Dat éischt ass „froen“: keen huet d’Rezept, fir d’Zukunft ze garantéieren; zesumme kënne mer d’Froe besser stellen a kreativ Äntwerten entwéckelen.

37 Texter inspiréiere sech un der chrëschtlecher Traditioun a lueden zum eegene Weiderdenken an.

Dësen drëtte Band mat Texter, déi de Glawen an d’Gespréich brénge wëllen, beschäftegt sech mat Fester an Uläss iwwert d’Joer, mat der Sich nom Sënn vum Liewen a mat der Fro no “eise Wäerter”; e versicht, Inhalter aus dem chrëschtleche Glawen opzegräifen an nei an d’Gespréich ze bréngen; di Texter weisen esou éischter Perspektiven op ewéi datt se d’Glawensinhalter am Detail ausleeën. Méi wéi eng Kéier kënnt d’Fro no der Relioun “als Privatsaach” erëm: dat hänkt och mat der Zäit zesummen, an där dës Texter entstane sinn, bleift awer aktuell. Den Titel “Froen, Wäerter, Weeër an d’Zukunft” weist op dës verschidden Dimensiounen hin; dat éischt Wuert bleift awer “Froen”: keen huet d’Rezept, fir d’Zukunft ze garantéieren, zesumme kënne mer d’Froen besser stellen a kreativ Äntwerten entwéckelen.

Jean Ehret, Froen, Wäerter, Weeër an d’Zukunft. De Glawen an d’Gespréich bréngen, Norderstedt, Books on Demand, 2017, Band 3, 196 S., ISBN 978-3-7460-1640-5, 9,99 €, d’Buch kann am BoD-Buchshop online bestellt ginn; et ass och am Centre Jean XXIII ze kréien; Infos: office lsrs.lu.

 

Voir aussi . See also
Info

Och den 1. an 2. Band sinn nach ze kréien

De Glawen an d’Gespréich bréngen
Aktualitéit an Traditioun

BoD, 2011.

Relioun, Kultur a Gesellschaft
De Glawen an d’Gespréich bréngen

BoD, 2012.

Dans cette rubrique . In this section
 
LUXEMBOURG SCHOOL OF RELIGION & SOCIETY
LSRS – Centre Jean XXIII
52 rue Jules Wilhelm
L-2728 Luxembourg
© Luxembourg School of Religion & Society
certains droits réservés . Some Rights Reserved
+352 43 60 51
office lsrs.lu